Formation continue des enseignants: Äerdschëff Croisière

Inscriptiounen sinn um Site vum IFEN méiglech.

Kontext:
Croisière eemol anescht! D’Äerdschëff ass e Gebai an ee Léierzentrum fir Nohaltegkeet a Regeneratioun. Et ass een ökologescht Gebai, wat tëscht 2019 an 2021 vu ville Fräiwëllegen gebaut gouf, a wat ee Beispill fir Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ass.

Zielsetzung:
Wëssen
D’Participanten:
– kennen d’Geschicht an d’Zilsetzungen vum Äerdschëff
– verstinn d’Systemer vum Äerdschëff an hir Zesummenhäng mat Nohaltegkeet a Regeneratioun
– kennen de Kontext vun der Transitiouns-Bewegung
– kennen dem Äerdschëff senger pädagogescher Offer

Fähegkeeten:
D’Participanten kënnen de Schüler d’Zesummenhäng vum Äerdschëff-Design vermëttelen

Haltung:
D’Participanten:
– reflektéieren hire Bléckwénkel op Nohaltegkeet, Ressourceverbrauch a Regeneratioun
– erfaassen d’Zesummenhäng vun Nohaltegkeets- an zirkulärem Design

Inhalt
Eis “Croisière”, eng interaktiv Visite guidée, fënnt um Chantier zu Réiden/Atert statt. Mir schwetzen iwwer d’Prinzipien vum Äerdschëff, säin Energie-, Waasser-, an Ofwaassersystem, d’Baumaterialien an den Design vum Gebai, a beäntwerten all Är Froen.

Aarbechtsformen
Visite guidée
Reflexioun am Plenum

Referenten
Dr Katy Fox
Rodrigo Vergara
Benjamin Klein

Format an Daten
D’Formatioun dauert 2 Stonnen.
Folgend Daten ginn ugebueden:
Mo 4.10.2021, Di 19.10.2021, Mi 10.11.2021., Do 25.11.2021, Fr 03.12.2021

Inscriptiounen sinn um Site vum IFEN méiglech.

You must be logged in to post a comment.