Systemer verstoen: Vu Kontroll zu Partizipatioun

Mir fonctionnéieren permanent a Systemer (Famill, Ökosystem, Institutiounen wéi Schoul oder Aarbecht), mee mir sinn e bësse wéi Fësch am Waasser an denke net weider driwwer no, wéi dës Systemer eist kollektivt Behuelen an seng Resultater beaflossen: de Klimawandel ass e komplexe Feedbacksystem, sou wéi Pollutioun an Artestierwen. Et ass mëttlerweil wëssenschaftlech erwisen, dass Systemdenken ee wichtegt Element ass fir de Klimawandel ze verstoen, an ëm entgéintzewiirken. Dëse Workshop besteet aus Momenter vun ‘Bigger Picture’ Presentatioun vun wichtege Konzepter vu System-Dynamik (z.B. Feedback, Emergenz etc) an einfachen interaktiven Übungen, déi fir jiddereeen duerch Matmaachen komplex Iddeën illustréieren an esou d’Diskussioun op en anere Niveau brenge kënnen.

Lien mat folgende Fächer : Sociologie, Vie&Société, Geschicht, Geographie

Dauer : 4.5 Stonnen (8:30-13:00 Auer)

Zilpublikum : 4e, 3e

Security Code:
security code
Please enter the security code:

Submit

Photo by Ivan Bandura on Unsplash

You must be logged in to post a comment.