Formation continue des enseignants: Interdisziplinär Nohaltegkeetsprojeten ëmsetzen

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden.

Kontext:
Haut gët vill vun Interdisziplinaritéit geschwat, ma wat geschitt wierklech an de Schoulen? Wéi kënne mir déi grousser Erausfuerderungem vun eiser Zäit (wéi z.B. Ëmwelt- oder sozial Problematiken) op eng Manéier ugoen, déi hierer Komplexitéit Rechnung dréit an déi iwwer de jeeweilegen Tellerrand vun den eenzelne Schoulfächer geet? Watfireng praktesch an inhaltlech Upassungen kënne mir un eiser Approche maachen, fir dass den Enseignement méi efficace and reell interdisziplinär get?

Zielsetzung:
Wëssen
D’Participanten: – kennen d’Konzept an d’Wiirksamkeet vu problemorientéiertem Léieren (problem-based learning) – kennen verschidden Approchen zu Interdisziplinaritéit – kréien Iddeën fir d’Ëmsetzung vun interdisziplinäre Projeten an deene verschiddenen Fächer – verstinn wéi eng Rahmenbedingunge néideg sinn, fir mat Succès interdisziplinär ze schaffen

Fähegkeeten:
D’Participanten: – kënnen sech iwwer hier Praktiken austauschen – kënne gemeinsam Unterrichtssequenzen entwerfen – kënne reflektéieren, wéi eng Méiglechkeeten et an eenzelne Fächer get, fir Interdisziplinaritéit an der Praxis ëmzesetzen

Haltung:
D’Participanten: – tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven – entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven

Inhalt
D’Äerdschëff ass e Gebai an ee Léierzentrum fir Nohaltegkeet a Regeneratioun. Et ass een ökologescht Gebai, wat ee Beispill fir Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ass. Mir huelen dëst Gebai, an deem d’Formatioun stattfënnt als Ophänk fir eis Reflexiounen iwwer Interdisziplinaritéit.
No engem kuerze Referat kënnen d’Participanten an den Austausch goen, gemeinsam un Unterrichtssequenze schaffen a reflektéieren, wéi eng Méiglechkeeten et an eenzelne Fächer get, fir Interdisziplinaritéit an der Praxis ëmzesetzen.

Aarbechtsformen
Eenzelaarbecht
Gruppenaarbecht
Reflexioun am Plenum
Referat

Referenten
Dr Katy Fox

Format an Daten
2 Nomëtteger (6 Stonnen) am Äerdschëff
Do 21.04/ Do 28.04.2022 – 14:00-17:00 Auer

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *