Formation continue des enseignants: Doughnut Economics: Gutt liewen am Donut?

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

Kontext:
Wat huet en Donut (Doughnut) mat der Ökonomie ze dinn? Wéi kënne mir de Besoine vun allen an de Limiten vum Planéit gerecht ginn?

Zielsetzung:
Wëssen
D’Participanten:
– kennen d’Konzept an d’Entwécklung vun Doughnut Economics
– hunn Notiounen vun ökologescher Ökonomie (environmental/ecological economics)
– verstinn d’Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an Doughnut Economics
– kréien Iddeën fir d’Ëmsetzung vun der Notioun vun Doughnut Economics an hierem Schoulalldag

Fähegkeeten:
D’Participanten:
– kënne mam Prozess vum Doughnut Economics schaffen
– kënne gemeinsam e konkreten Doughnut Designprojet ausschaffen

Haltung:
D’Participanten:
– schaffen effikass an zilorientéiert a Gruppen zesummen
– tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
– entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven

Inhalt
An anere Wierder, fir sécherzestellen datt kee kuerz kënnt wat essenziell Besoinen ubelaangt (vu Liewensmëttel a Wunnen zu Gesondheetswiesen a politescher Stëmm), wärend mir kollektiv der Äerd hir Life Support Systems (z.B. stabilt Klima, fruchtbare Buedem an eng schützend Ozonschicht), vun deene mir grondsätzlech ofhängeg sinn, net iwwerschreiten.
Doughnut Economics ass ee neien ökonomesche Modell, dien eis eng ganzheetlech Approche get, fir dës 2 Erausfuerderungen unzegoen. Mir bezéien den Doughnut Modell op Lëtzebuerg an kucken eis un, wéi mir Lëtzebuerg am Donut designe kënnen.

Aarbechtsformen
Eenzelaarbecht
Partneraarbecht
Gruppenaarbecht
Reflexioun am Plenum
Referat

Referenten
Dr Katy Fox

Format an Daten
2 Nomëtteger am Äerdschëff (6 Stonnen)
Di 19.04./ Di 26.04.2022

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

You must be logged in to post a comment.