Formation continue des enseignants: Designprozesser am Schoulalldag

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

Kontext:
Wat wier, wa mir alles kéinten re-designen fir de groussen Nohaltegkeetserausfuerderungen vum 21. Jorhonnert ëntgéintzewiirken? Beim zirkulären Design geet ët drëm, fir Produkter a Servicer ze kreéieren, déi kee Liewenszyklus méi mat engem Ufank (Produktioun – take ), enger Mëtt (Konsum – use ) an engem Enn (Offall – dispose) hunn, mee wou mer hiere ganze Liewenszyklus am Kreeslaf gesinn.

Zielsetzung:
Wëssen
D’Participanten:
– kennen d’Konzept vun der Kreeslafwirtschaft a vum zirkulären Design
– hunn Notiounen vun Design an senger Entwécklung
– verstinn d’Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an dem zirkulärn Design
– kréien Iddeën fir d’Ëmsetzung vun der Notioun vun Kreeslafwirtschaft an hierem Schoulalldag

Fähegkeeten:
D’Participanten:
– kënne mam Prozess vum Design Thinking schaffen
– kënne gemeinsam e konkreten zirkulären Designprojet ausschaffen

Haltung:
D’Participanten:
– schaffen effikass an zilorientéiert a Gruppen zesummen
– tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
– entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven

Inhalt
Mir léieren d’Haaptmiirkmalen (z.B. vum Produit zum Service) vun zirkulärem Design kennen, a ginn de Participanten Notiounen vun nohaltegem Design. Mir leeden d’Participanten duerch ee kollaborativen Design thinking Prozess, wou se kënnen ee Produit odere e Service selwer entwéckelen, an an e puer Etapen duerch Feedback op ee Prototyp kommen. Dëse Prozess kann tel quel an der Schoul benotzt ginn, fir de Schüler hir Selbstwirksamkeit an hir Kreativitéit erauszelackelen.

Aarbechtsformen

Eenzelaarbecht
Partneraarbecht
Gruppenaarbecht
Reflexioun am Plenum
Referat

Referenten
Dr Katy Fox

Format an Daten
2 Nomëtteger am Äerdschëff (6 Stonnen)
Do 24.02/Do 03.03.2022

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

You must be logged in to post a comment.