Formation continue des enseignants: Circular Economy pour les nuls

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

Kontext:
Eng Kreeslafwirtschaft baséiert op de Prinzipien vum Offall a Verschmotzung aus dem System designen, Produkter a Material am Gebrauch halen, an natierlech Systemer regeneréieren.

Zielsetzung:
Wëssen
D’Participanten:
– kennen d’Konzept vun der Kreeslafwirtschaft and seng Geschicht
– verstinn d’Zesummenhäng tëscht dem Äerdschëff an der Kreeslafwirtschaft
– kennen verschidden Prinzipien vun zirkulärem Design a Gamification
– kréien Iddeën fir d’Ëmsetzung vun der Notioun vun Kreeslafwirtschaft an hierem Schoulalldag

Fähegkeeten:
D’Participanten:
– kënnen sech iwwer hier Praktiken austauschen
– kënne gemeinsam un engem zirkulärem Design schaffen

Haltung:
D’Participanten:
– tauschen aktiv Iddeën aus a gesinn verschidde Perspektiven
– entwéckelen Verständnis a Matgefill fir aner Denkweisen a Perspektiven

Inhalt
Mat Fokus op de Ressourcen, déi am Äerdschëff agebaut goufen, entdecke mir zesummen wat Kreeslafwirtschaft (Economie circulaire) ass, op wéi enge Ressourcen besonneschen Drock ass, fir op eng méi schounend an zirkulär Notzung eriwwerzegoen. Mir kucken eis un, wéi et mat der Kreeslafwirtschaft uz Lëtzebuerg ausgesäit, ënnersiche verschidden Baumaterialien op hiren ökologeschen Impakt, an offréieren eng ugeleet Design Aktivitéit, wou d’Schüler kënne selwer ee Produkt fir d’Kreeslafwirtschaft entwerfen.

Aarbechtsformen

Eenzelaarbecht
Partneraarbecht
Gruppenaarbecht
Reflexioun am Plenum
Referat

Referenten
Dr Katy Fox

Format an Daten
2 Nomëtteger am Äerdschëff (6 Stonnen)
Di 22.02./Di 01.03.2022 – 14:00-17:00 Auer

Inscriptiounen ab dem 15.11.2021 méiglech.

You must be logged in to post a comment.