Book a Workshop

FR – Pour l’instant, notre offre n’est disponible qu’en luxembourgeois. Une version française sera disponible prochainement.
EN – Our offer is currently only available in Luxembourgish. An English version will be available shortly.

WOURËM GEET ET?

D’Äerdschëff Workshops goufen entwéckelt mat Hëllef vun engem Finanzement vum Fonds National de la Recherche (PSP-Flagship), woubäi ët speziell ëm Wëssenschaftskommunikatioun, systemescht Denken an Handelen, an Gamification geet. All eis interdisziplinär Workshops sinn partizipativ an engagéierend. Mir wëlle jonke Mënschen net nëmmen d’Problematik vun der Nohaltegkeet weisen, mee och Manéieren, fir sech ze engagéieren an Kompetenzen fir méiglech Léisungsusätz fir eis destruktiv Liewensweis ze entwéckelen.

Bei eisen Teilnehmer entwéckele mir folgend Kompetenzen:

  • Systemdenken a Problemléisen
  • Sozial a motivational Kompetenzen
  • Interdisziplinär Fachkompetenzen am Beräich Nohaltegkeet/Regeneratioun
  • Handlungskompetenzen

Am Moment riichten sech eis Workshops un ESC/ESG Schüler vu bestëmmte Klassen aus dem Cycle moyen a supérieur, a just e puer Workshops si fir méi ee jonke Public. Mir schaffen drun, eis Offre pédagogique fir Cycle inférieur an de Fondamental auszewäiten.

Et gi verschidde Méiglechkeeten, d’Äerdschëff kennenzeléieren:

Um Chantier: Als kuerzt Angebot fir Einsteiger bidde mir eis Croisière vun 1.5 Stonnen un oder Chantier participatif fir déi, déi wëllen aktiv eng Hand mat upaken beim Bau!

Bei Iech am Gebai: Déi méi laang Workshops (4.5 oder 6 Stonnen), déi mir ab 2022 am Äerdschëff ubidden, kënne mir mat enger Klass am Juni a Juli bei Iech am Gebai testen (wëll am Moment nach net alles fonctionnell am Äerdschëff ass, kënne mir se nach net op der Plaz ubidden). Mir brauche just ee grousse Sall, wou eng ganz Klass Covid-Mesure-conform kann 4-6 Stonne verbréngen. Mir brauchen och ee Projekter an eng Tafel, alles anescht brénge mir mat. Mir brauchen ee Minimum vun 10 Schüler, mee idealerweis géife mir mat enger ganzer Klass schaffen. Wann Dir weider Froen hutt, zéckt net, eis ze schreiwen (katy@cell.lu) oder unzeruffen (+352 691 643 124).

Benotzt w.e.g. den Bookingsystem hei drënner fir Iech fir déi verschidden Aktivitéiten unzemellen. D’Platzen sinn begrenzt.

Formation continue des enseignants: Äerdschëff Croisière

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden. […]

Formation continue des enseignants: Interdisziplinär Nohaltegkeetsprojeten ëmsetzen

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden. […]

Formation continue des enseignants: Doughnut Economics: Gutt liewen am Donut?

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden. […]

Formation continue des enseignants: Circular Economy pour les nuls

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden. […]

Formation continue des enseignants: Designprozesser am Schoulalldag

Dëss Formatioun gëtt ab Juli am Katalog vum IFEN ugebueden. […]

Äerdschëff Croisière: Visite guidée

Entdeck d’Äerdschëff, seng Geschicht a seng Systemer ! D’Äerdschëff ass e […]

Chantier participatif Äerdschëff

An deenen nächste Méint steet um Programm: d’Bewerfen vu Wänn […]

Systemer verstoen: Vu Kontroll zu Partizipatioun

Mir fonctionnéieren permanent a Systemer (Famill, Ökosystem, Institutiounen wéi Schoul […]

Waasser: Méi wéi just eng Ressource

Mir léieren d’Waasser e bëssen anescht kennen a beäntwerten dës […]

Zirkulären Design

Jiddfereen ass een Designer ! Beim zirkulären Design geet ët […]

De Buedem erliewen

Trotz all eisen Prouessen als mënschlich Zivilisatioun ass eist Iwwerliewen […]

Design inspiréiert vun der Natur

Wa mir d’Natur verstoe wëllen an Saachen designen wëllen, déi […]

Eisen Impakt op d’Äerd: Kreeslafwirtschaft an Ressourcen

Eng Kreeslafwirtschaft baséiert op de Prinzipien vum Offall a Verschmotzung […]

Gutt Liewen am Donut

D’Erausfuerderung vun der Mënschheet am 21. Joerhonnert ass fir de […]

Erneierbar Energien

Erneierbar Energien kommen aus natierleche Quellen oder erneierbare Prozesser, z.B. […]
  • Category

  • Subjects

  • Themes