Chantier participatif Äerdschëff

Chantier participatif Äerdschëff

An deenen nächste Méint steet um Programm: d’Bewerfen vu Wänn mat Lehm a Kallek, d’Biedem, dat heescht Chapen a Buedembeleeg ufäerdegen, allméiglech Aarbechten mat Holz ausféieren, d’Ausschaffen vun Detailer a villes méi. Lien mat folgende Fächer : Physik, Chimie, Bio, Economie Dauer : minimum een halwen Dag (+/- 4 Stonnen) Zilpublikum : ab 5e Datum : vu Méindes bis Donneschdes vun 9h00 bis 17h30 Auer

Design inspiréiert vun der Natur

Design inspiréiert vun der Natur

Wa mir d’Natur verstoe wëllen an Saachen designen wëllen, déi vun der Natur inspiréiert sinn, kënne mer eis hier Uerdnung, hier Musteren an hier Regelmeessegkeete ganz genee ukucken! Mir léieren, firwat verschidde Formen an der Natur existéieren a wat se erméiglichen (Spiralen, Symmetrie, Verzweigung, Wellen, etc.) a kucke wéi d’Mënschen dës Muster ugepasst hunn fir een Design, dee vun der Natur inspiréiert ass. Hei ass […]

De Buedem erliewen

De Buedem erliewen

Trotz all eisen Prouessen als mënschlich Zivilisatioun ass eist Iwwerliewen ofhängeg vun ongeféier 50 cm Buedem an regelmeessegem Reen (dat ass en Zitat vum Paul Harvey). Dofir dass de Buedem esou wichteg fir Liewensmëttel, Kuelespäicherung, Reguléierung vum Waasser am urbane Raum an Biodiversitéit ass, kenne mer ne net gudd! Mir behandelen eise Buedem och net super duerch industrialiséiert Landwirtschaft, d’Versiegelung vu Flächen an Landnotzungsännerungen. An […]

Zirkulären Design

Zirkulären Design

Jiddfereen ass een Designer ! Beim zirkulären Design geet ët drëm, fir Produkter a Servicer ze kreéieren, déi kee Liewenszyklus méi mat engem Ufank (Produktioun – take ), enger Mëtt (Konsum – use ) an engem Enn (Offall – dispose) hunn, mee wou mer hiere ganze Liewenszyklus am Kreeslaf gesinn. Mir léieren d’Haaptmiirkmalen (z.B. vum Produit zum Service) vun zirkulärem Design kennen, a leeden d’Teilnehmer […]

Waasser: Méi wéi just eng Ressource

Waasser: Méi wéi just eng Ressource

Mir léieren d’Waasser e bëssen anescht kennen a beäntwerten dës Froen: Wéi kënne mer eis Notzung vum Waasser angesichts vum Klimawandel adaptéieren, fir dass mer souwuel Dürreperioden wéi och Schloreen op eisem Terrain gudd geréiere kënnen? Mir erkläeren d’Waassersystemer vum Äerdschëff (Opfänksystem an zirkulären Ofwaassermanagementsystem), teste Waasser op pH, Pestiziden, Mikrobiologie, an Partikelen) a kréien ee klengen Abléck an d’Reglementer rondrëmt eist Waasser. Lien mat […]

Systemer verstoen: Vu Kontroll zu Partizipatioun

Systemer verstoen: Vu Kontroll zu Partizipatioun

Mir fonctionnéieren permanent a Systemer (Famill, Ökosystem, Institutiounen wéi Schoul oder Aarbecht), mee mir sinn e bësse wéi Fësch am Waasser an denke net weider driwwer no, wéi dës Systemer eist kollektivt Behuelen an seng Resultater beaflossen: de Klimawandel ass e komplexe Feedbacksystem, sou wéi Pollutioun an Artestierwen. Et ass mëttlerweil wëssenschaftlech erwisen, dass Systemdenken ee wichtegt Element ass fir de Klimawandel ze verstoen, an […]

Erneierbar Energien

Erneierbar Energien

Erneierbar Energien kommen aus natierleche Quellen oder erneierbare Prozesser, z.B. Sonneliicht oder Wand. Mir bezéien dëse Workshop op dem Äerdschëff seng Notzung vun PV, Solarthermie an Wandenergie, ma och vun senger Notzung vu passiver Solarenergie duerch seng Form a seng Ausrichtung, a mir beschäftegen eis mam Stockage vun erneierbaren Energien. Mir maan dann ne Scenario-Design, wou mir eis de Elektrizitéitsproduktiounspotenzial un erneierbaren Energien vun enger […]

Gutt Liewen am Donut

Gutt Liewen am Donut

D’Erausfuerderung vun der Mënschheet am 21. Joerhonnert ass fir de Besoine vun allen an de Limiten vum Planéit gerecht ze ginn. An anere Wierder, fir sécherzestellen datt kee kuerz kënnt wat essenziell Besoinen ubelaangt (vu Liewensmëttel a Wunnen zu Gesondheetswiesen a politescher Stëmm), wärend mir kollektiv der Äerd hir Life Support Systems (z.B. stabilt Klima, fruchtbare Buedem an eng schützend Ozonschicht), vun deene mir grondsätzlech […]

Eisen Impakt op d’Äerd: Kreeslafwirtschaft an Ressourcen

Eisen Impakt op d’Äerd: Kreeslafwirtschaft an Ressourcen

Eng Kreeslafwirtschaft baséiert op de Prinzipien vum Offall a Verschmotzung aus dem System designen, Produkter a Material am Gebrauch halen, an natierlech Systemer regeneréieren. Mat Fokus op de Ressourcen, déi am Äerdschëff agebaut goufen, entdecke mir zesummen wat Kreeslafwirtschaft (Economie circulaire) ass, op wéi enge Ressourcen besonneschen Drock ass, a wéi mir op eng méi schounend an zirkulär Notzung eriwwergoe kënnen. Lien mat folgende Fächer : […]

Äerdschëff Croisière: Visite guidée

Äerdschëff Croisière: Visite guidée

Entdeck d’Äerdschëff, seng Geschicht a seng Systemer ! D’Äerdschëff ass e Gebai an ee Léierzentrum fir Nohaltegkeet a Regeneratioun. Et ass een ökologescht Gebai, wat vu ville Fräiwëllegen gebaut gët (et gët Enn 2021 fäerdeg) a wat ee Beispill fir Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg ass. Eis “Croisière”, eng Visite guidée vu 90 Minutten, fënnt um Chantier zu Réiden/Atert statt. Mir kënnen ee Maximum vun 2 Klasse mateneen […]